le mur, c'est quoi ?

D’Zeitung vun den Bijoutiersstudenten vum Lycée professionnel Jean Guéhenno vun Saint-Amand Montrond (Frankräich) a vu hiren europäeschen Korrespondentes vum du PLE « Parlement Lycéen Européen des écoles de bijouterie et presse lycéenne »


D’Studentenzeitung Le Mur ass en pedagogeschen Projet, deen 1986 vum Lycée Jean Guéhenno vun Saint-Amand Montrond gegrënnt gin as.
De Lycée, deen am Zentrum vun Frankräich lait, huet sait der Grëndung vun der Zeitung méi wéi 140 Ausgaben erausbruecht,  dausenden
vun Interwiewen,a Reportagen gemeet, an as un villen pedagogeschen Projeten an Aktiounen an ganz Europa bedeelegt. D’Zeitung
besteet aus enger Equipe vun méi wéi honnert Bijoutiersstudenten an as als eng vun deenen älsten an beschten Studenzeitungen
an ganz Frankräich unerkannt.
Duerch eng gezielten Projetspedagogik ass ët d’Haaptziel vum Le Mur en Lien tëschent den professionnellen Léieren vun den
Beruffer aus dem Beraich Bijouterie, an der kultureller an biergerlecher Educatioun ze schaafen. D’Equipe vum Le Mur ass
iwwerzeecht, dass en aanere genre vu Schoul méiglech ass, fir déi déi  géint daat intensivt Léieren vun Liesen an Schreiwen sin,
an dass eng Schoul muss oppe sin an der Richtung vun der professionneller Welt an dem europäeschen Environnement.
D’Studentenzeitung Le Mur huet 1992 den « Parlement Lycéen Européen des écoles de bijouterie et presse lycéenne »
gegrënnt,an huet Délégatiounen vun 11 aaneren europäeschen Länner an hieren Lycée invitéiert. Haut ass den Le Mur
en Kommunikatiounslien an en Äusdrocksmëttel tëschent 23 europäeschen Bijouteries-Schoulen.

Wann dir iergendwou an Europa an enger Bijoutiersschoul sidd…

Mir géifen gären mat Iech an Kontakt trieden. Dir kënnt eisen europäeschen Partner gin…
Mir schaffen mat Programmer vun der Europäescher Unioun wéi Socrates oder Leonardo… Eisen Réseau, den
« Parlement Lycéen Européen des écoles de bijouterie et de presse lycéenne » (PLE) ass haut en Réseau vun
23 Schoulen fir d’Bijouterieshandwierk, d’Gemmologie an all Zorten vun wertvollen Stäng, an Europa an aanerwärts
an der Welt.
D’Haaptziel vun dëser Vereenegung ass all international Aktiounen tëschent den Member-Schoulen ze favoriséieren,
esou wéi all europäesch professionnell an kulturell Projeten: europäesch Stagen an Entreprisen, Austausch vun
Formatiounen, d’Fortsetzen vun Studien oder aawer d’Sich no enger Aarbecht am Äusland, Klassenprojeten vun
groussen Reportagen, europäesch Concouren vun Schmuckkréatiounen, Texter an Biller, Schaafen vun engem
villsproochegen techneschen Dictionnaire vum Bijouterieshandwierk, europäeschen Wanderexpositiounen,
d’Deelhuelen un internationalen professionnellen Salonen, a.s.w..

Wann dir interesséiert sid…
Kontaktéiert eis : [email protected]